Vuelta 4. EtappTadej Pogacar gewënnt no 50 Kilometer laangem Solo

Sam Rickal
Op der 4. Etapp vun der Vuelta goung et iwwer 104,8 Kilometer ronderëm d'Haaptstad vun Andorra. De Peloton hat ënner anerem 3 Colle vun der éischter Kategorie hannert sech ze bréngen.
Op der 4. Etapp vun der Vuelta huet den Tadej Pogacar 50 Kilometer virun der Arrivée attackéiert a konnt sech um Enn duerchsetzen.
Op der 4. Etapp vun der Vuelta huet den Tadej Pogacar 50 Kilometer virun der Arrivée attackéiert a konnt sech um Enn duerchsetzen.
© ED JONES / AFP

Et ass dem Tadej Pogacar seng insgesamt 5. Etappevictoire bei der Vuelta, déi zweet bei dëser Editioun. De Slowen gewënnt, nodeems hie 50 Kilometer eleng un der Spëtzt gefuer ass, ganz souverän en solitaire. Den Tour-de-France-Vainqueur hat um Enn eng Avance vun 2 Minutten an 39 Sekonnen op de Jarno Widar an de Felix Fall als Zweeten an Drëtten.

Am General bleift de Pogacar souverän virop. Hien läit 3 Minutten an 21 Sekonnen virum Primoz Roglic.

Déi béid Lëtzebuerger Mats Wenzel an Arthur Kluckers koumen en Dënschdeg mat engem Retard vu 24 Minutten a 46 Sekonnen op déi 172. respektiv vu 25 Minutten a 54 Sekonnen op déi 177. Plaz.

Am General ass de Wenzel den 138. op 26 Minutten a 44 Sekonnen, de Kluckers dogéint den 174. op 31 Minutten a 25 Sekonnen.

2890 Héichtemeter hunn d'Coureuren en Dënschdeg iwwer 104,8 Kilometer viru sech gehat. Mam Port de Envalira a sengen 2400 Héichtemeter stoung op der 4. Etapp vun der Vuelta och den héchste Col vun dëser Editioun vum Tour duerch Spuenien um Programm. Donieft awer och nach zwee weider Bierger vun der éischter Kategorie. D'Arrivée huet dunn no enger Descente nom Alto de La Comella, engem Col vun der 3. Kategorie, zu Andorra la Vella op de Peloton gewaart.

Déi 4. Etapp huet gemittlech ugaangen. Zwar hunn ëmmer rëm Coureure probéiert sech ofzesetzen, allerdéngs goufen dës ëmmer rëm vum Grupp ronderëm den Tadej Pogacar agefaangen. Ronn 50 Kilometer virun der Arrivée huet sech de Slowen eleng op den Wee gemaach. De Leader am General konnt sech eng Avance vun tëschenzäitlech iwwer 2 Minutten erausfueren. Hannendrun huet sech e Verfollger-Grupp vu 26 Fuerer forméiert, mat ënner anerem dem Primoz Roglic an dem Richard Carapaz dran.

An der Suite hu sech den Oscar Onley an de Felix Gall zu 2 op d'Poursuite nom Tadej Pogacar gemaach. Kuerz drop sinn de Primoz Roglic, den Enric Mas an de Sepp Kuss bäigefuer. D'Avance vum Tadej Pogacar ass allerdéngs bis op iwwer 3 Minutte geklommen. Géint de 5-fache Tour-de-France-Vainqueur war bis op d'Arrivée kee Kraut gewuess an hien hat um Enn eng Avance vun 2 Minutten an 39 Sekonnen op de Jarno Widar an de Felix Gall.


D'Vuelta 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO