
De Leader vun der Vuelta Tadej Pogacar huet e Samschdeg op der 8. Etapp no enger Chute missen opginn. De Sloween war eng 32 Kilometer virun der Arrivée am Peloton an eng gréisser Chute verwéckelt, war mat héijer Vitess haart op de Buedem opgeschloen a konnt duerno net méi weiderfueren. Op de Biller vun der Tëlee war ze gesinn, datt hien no senger Chute opgestanen ass an nach emol probéiert huet, fir op de Vëlo ze klammen, ma hie konnt duerch seng Blessuren net méi weiderfueren. Mat bluddege Wonnen am Gesiicht an u senger lénker Schëller ass hie schliisslech an eng Ambulanz geklommen.
Den Tadej Pogacar war no senger Victoire vum Tour de France och als grousse Favorit an d'Vuelta gaangen. Hei louch hien dann och well zanter der éischter Etapp a Féierung.
D'Decisioun ëm d'Etappevictoire ass op der 8. Etapp am Sprint gefall. De Bryan Coquard huet sech no 171 flaache Kilometer tëscht Pucol a Xeraco virum Mads Pedersen an dem Jordi Meeus behaapt.
D'Lëtzebuerger Mats Wenzel an Arthur Kluckers waren de ganzen Dag iwwer am Peloton. Op de leschte Kilometer hu si lassgelooss, sou datt de Kluckers de 96. op eng Minutt an aacht Sekonne gëtt an de Wenzel den 124. op zwou Minutten an eng Sekonn.
De Mann vum Dag war de Sinuhé Fernandez. De Spuenier hat sech direkt um Depart vum Peloton ofgesat. No 133 Kilometer eleng un der Spëtzt war hien agefaange ginn.
Am General ass elo de Spuenier Enric Mas den neie Leader. Hien huet eng Avance vun enger Minutt an eelef Sekonnen op den Éisträicher Felix Gall. Drëtten ass de Primoz Roglic op eng Minutt an 33 Sekonnen.