Cyclocross-Championnater an EuropaThibau Nys gëtt am Sprint belsche Champion

RTL Lëtzebuerg
Nieft de lëtzebuergesche Meeschterschaften am Cyclocross goufen dëse Weekend nach a villen anere Länner d'Championen a Championnë gekréint.
© DAVID PINTENS/AFP

Bei eisen Noperen an der Belsch huet sech d’Marion Norbert Riberolle souverän den Titel virun der Fleur Moors (+ 0:17) an der Kiona Crabbé (+ 1:25) geséchert. Bei den Häre goung den Titel un den Thibau Nys, dee sech am Sprint géint den Emiel Verstrynge duerchgesat huet. De Podium gouf duerch de Michael Vanthourenhout (+ 0:53) komplettéiert.

Déi nei hollännesch Cyclocross-Meeschterin heescht Ceylin Del Carmen Alvarado. Si hat an der Course zu Huijbergen eng Avance vu 16 Sekonnen op d’Puck Pieterse. D’Lucinda Brand, déi an dëser Saison bis elo quasi all Course gewonnen huet, gouf déi Drëtt (+ 1:02). De männleche Pendant vun der Alvarado ass den Tibor Del Grosso. Den 23 Joer jonke Coureur hat op der Arrivée eng kleng Avance vun 3 Sekonnen op de Lars van der Haar. De Pim Ronhaar koum op déi drëtt Plaz.

D’Amandine Fouquenet konnt hiren Titel a Frankräich net verdeedegen. Déi 24 Joer als Franséisin hat op der Arrivée e Retard vun 33 Sekonnen an huet sech der Célia Gery musse geschloe ginn. Knapp hannert hir koum d’Amandine Muller (+ 0:39) als Drëtt un. Bei den Hären huet de Joris Delbove säin éischten nationale Championstitel gefeiert. De 25 Joer ale Coureur hat 19 Sekonne Virsprong op de Martin Groslambert a souguer 30 Sekonnen op den Timothé Gabriel.

An Däitschland goung den Titel un d’Judith Krahl, déi sech mat enger klorer Avance vun 1 Minutt a 24 Sekonnen op d’Sina van Thiel duerchsetze konnt. De Podium zu Bensheim an Hessen gouf vun der Theresia Schwenk (+ 1:52) komplettéiert. Bei den Häre war d’Entscheedung méi knapp. Hei hat de Marcel Meisen am Sprint méi séier Bee wéi de Fabien Eder, dee just 2 Sekonnen hannert dem Gewënner ukoum. Den Hannes Degenkolb hat méi wéi eng hallef Minutt Réckstand.

D’Sara Casasola huet zu Brugherio hiren zweeten italieenesche Meeschtertitel gefeiert. D’Nummer 16 am Weltcup konnt sech géint d’Rebecca Gariboldi an d’Carlotta Borello duerchsetzen. Bei den Häre goung den Titel un de Filippo Fontana, dee sech géint de Federico Ceolin an de Gioele Bertolini duerchsetze konnt.

Bei agreabelen Temperaturen a Sonn am spueneschen Tarancon huet d’Sofia Rodriguez Revert hire véierten nationale Meeschtertitel gewonnen. Si hat 16 Sekonnen Avance op d’Lucia Gonzalez Blanco an 31 Sekonnen op Sara Cueto Vega. De Felipe Orts Lloret huet sech e Sonndeg déi eeleft Kéier an de Palmarès vun den nationale Meeschterschaften agedroen. Den 30 Joer ale Spuenier huet och eng aacht Kéier hannerteneen de Championstitel gewonnen. Dës Kéier mat enger klorer Avance vun iwwer 1 Minutt op de Kevin Suarez Fernandez an de Mario Junquera San Millan.

Back to Top
CIM LOGO