Škoda Tour de Luxembourg: 5. EtappVan der Poel wënnt spektakulär um Lampertsbierg, Schlussvictoire fir de Piganzoli

Ben Schlammes
Nodeems sech de Mathieu van der Poel direkt nom Depart eleng ofgesat hat, war hien net méi anzefänken a gewënnt um Enn déi lescht Etapp.
© Roland Miny

De Mathieu van der Poel huet e Sonndeg déi lescht Etapp vum Škoda Tour de Luxembourg gewonnen. Den Hollänner war nom Depart zu Miersch déi ganz Course eleng un der Spëtzt an ass um Lampertsbierg en solitaire iwwer d'Zillinn gefuer. D'Victoire am Schlussklassement ass fir den Davide Piganzoli, dee seng Féierung am General um leschten Dag virum Matteo Vercher (+52 Sekonnen) an dem Thomas Gachignard (+54s) verdeedege konnt.

Als beschte Lëtzebuerger klasséiert sech den Arno Wallenborn um Sonndeg op Plaz 16 op 1:23 Minutt. Och am Schlussklassement ass hien als 20. dee beschte Lëtzebuerger.

Resumé

De Mathieu van der Poel huet op der leschter Etapp vum Škoda Tour de Luxembourg alles op eng Kaart gesat a sech direkt nom Depart zu Miersch eleng ofgesat. No 177km tëscht Miersch an dem Lampertsbierg huet hie méi wéi spektakulär gewonnen an domat gewisen, dass hie fir d'WM zu Montréal perfekt a Form ass. Och an der Schlussphas vun der Course konnt den Hollänner säi Virsprong konstant iwwert der Minutt halen an domat kee Coureur aus dem Peloton entscheedend opschléisse loossen. Op d'Plazen Zwee an Dräi kommen de Mikkel Honoré an de Pepijn Reinderink op 1:04 Minutt an 1:09 Minutt.

Fir seng impressionant Leeschtung ze kréinen huet de Mathieu van der Poel op dëser Etapp genuch Punkte gesammelt, fir de Maillot vum beschte Biergfuerer a vum beschte Sprinter ze gewannen. De Maillot vum beschte jonke Coureur ass fir de Schlussgewënner Davide Piganzoli.

Andréck vum Škoda Tour de Luxembourg 2026

Weider Impressioune vum Škoda Tour de Luxembourg fannt Dir an eisem Dossier.



Back to Top
CIM LOGO