
E Sonndeg ass d’Christine Majerus no 4 Etappen op déi 42. Plaz am General komm, vun enger Course a Spuenien. Et war déi éischten an dëser Saison. No dëser Saison zitt déi méifach Lëtzebuerger Championne ee Stréch ënnert hir Karriär.
Am RTL-Interview huet d’Christine Majerus erzielt, wéi d’Virbereedung op déi nei Saison gelaf ass a wat d’Ambitioune si fir d’Courssen, déi am Fréijoer um Programm stinn.