Vuelta: 18. EtappStefan Küng wënnt Zäitfueren, Enric Mas bleift Leader

Tom Nols
Déi 18. Etapp war e Contre la montre iwwer 32 Kilometer vun El Puerto de Santa María op Jerez de la Frontera.
De Schwäizer Stefan Küng war dee Séiersten am Zäitfueren
De Schwäizer Stefan Küng war dee Séiersten am Zäitfueren
© JORGE GUERRERO/AFP

De Stefan Küng war en Donneschdeg dee Séiersten am Zäitfueren. No 32,1 Kilometer hat hien op der Arrivée zu Jerez de la Frontera eng Avance vu knapp dräi Sekonnen op den Englänner Callum Thornley. Drëtten op néng Sekonne gouf de Portugis Joao Almeida. De Spuenier Enric Mas gouf deen 12. op 52 Sekonnen a behält de Roude Maillot vum Leader am General.

De Lëtzebuerger Mats Wenzel ass dee 89. ginn a läit am General op der 115. Plaz.

An enger Arena fir Stéierkämpf war den Depart vum Contre la montre. D'Streck duerch Andalusien war relativ flaach mat laange Passagen, op deenen et riichtaus gaangen ass. De Primoz Roglic konnt zwar 33 Sekonnen op de Leader Mas ophuelen, mee de Spuenier konnt säi Rouden Trikot verdeedegen. Duerch seng Leeschtung konnt de Roglic awer nees op déi zweet Plaz am General no vir fueren, wärend de Felix Gall elo op 3:01 Minutten deen Drëtten ass.

E Freideg an e Samschdeg wäert d'Decisioun an de Bierger falen, éiert déi 81. Vuelta e Sonndeg zu Granada op en Enn wäert goen.


D'Resultater


D'Vuelta 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO