E Sonndeg stoung bei der Vuelta eng relativ flaach an och kuerz 15. Etapp um Programm. No 110.2 Kilometer war d'Decisioun am Spëtzegrupp an engem Sprint gefall, wou de Wout van Aert sech d'Dagesvictoire zu Cordoba virum Alessandro Romele an dem Thibau Nys huele konnt. De Mats Wenzel ass am Grupp hannendru mat engem Retard vun 58 Sekonnen op déi 12. Plaz komm.
Am General bleift den Enric Mas weider op der 1. Plaz stoen, dat mat engem Ecart vun 2:06 Minutte op de Felix Gall an 2:10 Minutten op de Primoz Roglic. De Mats Wenzel klëmmt duerch säin Effort ëm fënnef Plazen op déi 115. Plaz.