
De belsche Coureur Wout van Aert wäert net bei der 113. Editioun vum Tour de France dëst Joer derbäi sinn. Den 31 Joer ale Coureur kämpft nach ëmmer mat de Suitte vun enger Blessur um Ielebou, heescht et e Mëttwoch vu senger Ekipp Visma-Lease a Bike. Zesumme mat de Medezinner wier decidéiert ginn, datt dës Blessur soll komplett auskuréiert ginn.
Am Abrëll hat de Wout van Aert nach de Klassiker Paris-Roubaix gewonnen.