Vuelta: 13. EtappWout van Aert wënnt aus Echappée eraus, Enric Mas onverännert un der Spëtzt vum General

RTL Lëtzebuerg
E Freideg ass et iwwer hiwweleg 192 Kilometer vun Almunecar op Loja gaangen.
Wout van Aert feiert éischt Etappevictoire bei dëser Vuelta a baut Féierung am Klassement vum beschte Sprinter weider aus.
Wout van Aert feiert éischt Etappevictoire bei dëser Vuelta a baut Féierung am Klassement vum beschte Sprinter weider aus.
© JOSE JORDAN/AFP

De Wout van Aert huet e Freideg déi 13. Etapp vun der Vuelta gewonnen. De Belsch huet sech no 199 Kilometer am Sprint virum Fransous Valentin Paret-Peintre behaapt. Als Drëtten op 24 Sekonnen ass de Matthew Brennan ukomm. Hien huet de Sprint vum Verfolgergrupp gewonnen.

De Mann a Rout Enric Mas ass am Peloton als 38. op dräi Minutten iwwer d'Arrivée gefuer. De Spuenier bleift domadder onverännert a Féierung. Hien huet weiderhin eng Avance vun enger Minutt a 45 Sekonnen op de Primoz Roglic.

Zanter en Donneschdeg ass mam Mats Wenzel nëmmen nach ee Lëtzebuerger an der Vuelta mat dobäi. Hien ass e Freideg den 117. op ronn 15 Minutte ginn.
Den Arthur Kluckers hat op der 12. Etapp wéinst engem Hëtzschlag missen opginn. Och um Freideg war et fir d'Coureuren net einfach. D'Temperature louchen nees bei knapp 40 Grad Celsius.

E Freideg hunn op der 192 Kilometer laanger Etapp tëscht Almunecar a Loja dräi klasséiert Bierger op d'Coureure gewaart. Direkt den éischte Bierg war ee vun der 1. Kategorie, duerno ass ee vun der 3. Kategorie komm an eng 40 Kilometer virun der Arrivée ass et nach ee vun der 2. Kategorie eropgaangen.

80 Kilometer virun der Arrivée louchen 38 Coureure virum Peloton mam Leader Enric Mas, dat opgedeelt op zwou Gruppen. Mam Mathias Skjelmose war nees e Coureur aus den Topp10 mat dobäi. En Donneschdeg war dat schonn dem spéidere Gewënner Omrzel gelongen. Mat dobäi waren awer och nach Coureure wéi Wout van Aert, Matthew Brennan, Santiago Buitrago, Jarno Widar, Filippo Zana oder och nach Valentin Paret-Peintre.

Aus den zwee Gruppen un der Spëtzt ass déi ganz Etapp iwwer ëmmer nees attackéiert ginn an et waren ëmmer nees aner Coureuren un der Spëtzt ze fannen. De Peloton hat iwwerdeems e Réckstand vu ronn véier Minutten op d'Spëtzt.

3,5 Kilometer virun der Arrivée huet de van Aert aus dem Spëtzegrupp attackéiert. Nëmmen de Paret-Peintre konnt säi Rad halen. Béid Coureure sinn zesummen op de leschte Kilometer gaangen. Op de leschte Meter hat de van Aert wéi erwaart déi besser Been an huet sech d'Etappevictoire gekroopt. Den Enric Mas ass am Peloton op dräi Minutten ukomm. Am General bleift hien onverännert a Féierung. De Skjelmose, deen an der Echappée war, huet um Freideg zwou Minutten am General gutt gemaach, bleift awer weider op der 7. Plaz.

Net méi mat dobäi ass de Gregor Mühlberger. Den Éisträicher louch virun der 13. Etapp nach op der 9. Plaz am General. No enger Chute huet hie missen opginn.



D'Vuelta 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO