KarateAlexander Davies kämpft e Sonndeg an der Finall vun der U21-WM ëm Gold

Ben Schlammes
Als amtéierenden U21-Europameeschter qualifizéiert sech den Alexander Davies fir d'Finall vun der Karate-WM zu Bielsko-Biala a Polen.
Den Alexander Davies freet sech mat sengem Directeur technique Mohammed Abu Wahib.
© Stéphanie Lambot

E Mëttwoch huet den Alexander Davies déi éischt fënnef Ronne vun der U21-WM am Karate souverän iwwerstanen a sech am entscheedende Match géint den Chérif Tadjer aus Frankräich fir d'Finall e Sonndeg qualifizéiert. Do trëfft hien an der Kategorie +84kg op den Ivan Kudzinau aus Belarus.

Mam Jordan Sibille war ee weidere Lëtzebuerger bei der U21-WM am Asaz. Bei senger éischter grousser Competitioun an der Kategorie -75kg konnt hien sech um Enn op Plaz siwe klasséieren.

Back to Top
CIM LOGO