
Am Ganze sinn aacht Lëtzebuerger Schwëmmer zu Paräis mat dobäi, vun deenen der scho sechs direkt e Méindeg am Asaz waren.
De Julien Henx, de Remi Fabiani an de Florian Frippiat sinn iwwer 50 Meter Papillon a kee vun hinne konnt sech awer fir d'Halleffinalle qualifizéieren. D'Positioun am Virlaf spillt hei nämlech keng Roll, ëmmerhi gouf de Florian Frippiat den 3. a sengem Virlaf, mä eleng d'Zäit spillt fir d'Qualifikatioun eng Roll.
Mat Zäite wéi 24,56 Sekonnen (Florian Frippiat), 24,17 Sekonnen (Julien Henx) oder 24,37 Sekonnen (Remi Fabiani). Zäiten, fir sech ze qualifizéieren, waren deels bal zwou Sekonne méi séier. Dee séiersten an der Qualifikatioun war de Fransous Maxime Grousset, deen no 22,49 Sekonnen ugeschloen huet. Déi luesten Zäit, fir sech ze qualifizéieren, ass den Nikita Baez geschwommen, dee fir déi 50 Meter 23,31 Sekonne gebraucht huet.
Iwwer 100 Meter Brasse si kuerz drop de Finn Kemp an de Joao Carneiro ugetrueden. De Finn Kemp ass a sengem Virlaf zwar den zweete ginn, ma seng Zäit vun 1:01,85 Minutte ass net duergaangen, fir d'Halleffinall z'erreechen. Am selwechte Virlaf ass de Joao Carneiro mat 1:02,60 op déi 7. vun 10 Plaze komm. Déi séierste Qualifikatiounszäit louch hei bei 59.08 Sekonnen an déi huet de Britt Adam Ramsay-Peaty hikritt. Déi lueste Qualifikatiounszäit ass den Norweger Charlie Egeland geschwommen, hien huet no 1:00,13 Minutten ugeschloen.
Iwwer 800 Meter Fräistil ass d'Lou Jominet als éischten Damm aus dem Grand-Duché an der Mëttesstonn un den Depart gaangen. Am éischte Virlaf gouf si déi zweet vun dräi Starter, dat mat enger Zäit vun 9:01,38 Minutten. Domadder louch si wäit hannert de Qualifikatiounszäiten, déi tëscht 8:23,17 (Simona Quadarella aus Italien) an 8:36,76 (Maria Valdes Alvarez aus Spuenien) louch.