
Wéi d'Powerlifting and Weightlifting Federation Luxembourg (PWFL) matdeelt, huet d'Ankie Timmers bei den Europäesche Meeschterschaften am Equipped-Bänkdrécken den Titel an der oppener Klass bis 84 Kilogramm gewonnen. Dobäi huet d'COSL-Kaderathleetin d'Gewiichter 190 kg, 195 kg an 200 kg gemeeschtert an hir Konkurrenz aus Norwegen a Schweden ausgestach.
Mat hirem drëtte Versuch iwwer 200 Kilogramm huet si sech net just den Europameeschtertitel geséchert, mee och gläichzäiteg dräi nei Rekorder opgestallt: Masters-I-Weltrekord, Masters-I-Europarekord a lëtzebuergesche Masters-I-Landesrekord.
Och an der Gesamtwäertung vum Turnéier huet d'Ankie Timmers mat hirer Leeschtung iwwerzeegt. Mat 104,81 IPF GL Punkte koum si op déi drëtt Plaz an der Overall-Wäertung. Si musst just der Brittin Katrina Sweatman (116,26 Punkten) an der Matilda Hjalle (111,29) de Virtrëtt loossen.
D'PWFL seet weider am Schreiwes, dass der Lëtzebuergerin mat dësem Titel an hiren dräi Rekorder e weidere Meilesteen an hirer Karriär gelongen ass. Weider wär et dee gréissten Erfolleg fir de lëtzebuergesche Kraaftsport.