Sonndesinterview mam Isabelle Hoffmann a Jessica SchaafBeim HYROX pushe si sech "géigesäiteg extrem"

Kyra Feiereisen
Vum Géinteneen zum Mateneen. Zwou Lëtzebuerger Sportlerinne fannen am HYROX eng nei Erausfuerderung. Laang Zäit ware si am Lafe Konkurrentinnen, haut kämpfe si zesumme géint d'Auer.

D'Isabelle Hoffmann an d'Jessica Schaaf hunn am HYROX eng nei sportlech Erausfuerderung fonnt. An dat mat Erfolleg: No nëmme sechs Competitiounen hu si sech scho fir d'Weltmeeschterschaft qualifizéiert.

Sport huet am Liewe vum Isabelle Hoffmann a vum Jessica Schaaf schonn ëmmer eng grouss Roll gespillt. Béid kommen aus dem Leeschtungssport a ware besonnesch am Lafe laang Zäit grouss Konkurrentinnen. Dat huet hirer Frëndschaft awer ni am Wee gestanen. Haut stinn déi zwou Sportlerinnen net méi géinteneen un der Startlinn, mee trieden als Team an der Doubles-Kategorie vum HYROX un. Eng Mëschung aus Ausdauer a Kraaft, déi fir Hobby-Sportler an Athleten organiséiert gëtt.

Op der Sich no enger neier Erausfuerderung

D'Isabelle Hoffmann huet a senger sportlecher Karriär scho vill ausprobéiert. Vum Volleyball iwwer de Vëlossport bis bei de Marathon war sou munches dobäi. Um Vëlo huet d'Sportlerin souguer un Europa- a Weltmeeschterschaften deelgeholl. Duerno huet et si ëmmer méi an de Lafsport gezunn, wou si sech op Distanze vu fënnef an zéng Kilometer, awer och um Marathon probéiert huet.

Mat der Corona-Pandemie koum dunn eng Paus. Och wann d'Isabelle Hoffmann ni ganz mam Sport opgehalen huet, war et iergendwann Zäit fir eppes Neies.

"Ech hu wierklech scho vill Sportaarte geüübt, gemaach. [...] Ech hunn zwar ëmmer weider Sport gemaach a lo hunn ech einfach en neien Challenge gesicht", esou d'Isabelle.

Och fir d'Jessica Schaaf war de Moment komm, fir sech sportlech nei ze orientéieren. Eng Frëndin hat hir vum HYROX erzielt, engem Fitnesstrend aus Däitschland. Virwëtzeg huet si sech nach de selwechten Dag Videoe vun de Competitiounen am Internet ugekuckt. An dobäi direkt un d'Isabelle geduecht.

"Ech ka mech nach erënneren, et war eng Kéier owes, dunn huet et mir sou e Video geschéckt: 'Hei, kuck dir dat heiten un, dat doten ass eppes fir eis!'", erënnert sech d'Isabelle Hoffmann.

Ufanks konnt si sech allerdéngs net esou richteg virstellen, wéi esou eng Competitioun iwwerhaapt funktionéiert.

"'Ok...wat maache si do? Wéi kann ee sou Course maache?' Ech konnt mir dat guer net virstellen, och mat all deenen Übungen a wéi ee sech do ofwiesselt a wie kontrolléiert wéi vill een da gemaach huet an alles."

Aacht Kilometer, aacht Statiounen an eng gemeinsam Missioun

HYROX ass eng Indoor-Fitness-Competitioun, bei där Ausdauer a Kraaft matenee kombinéiert ginn. De Prinzip ass dobäi ëmmer dee selwechten: Op ee Kilometer Lafe kënnt eng funktionell Fitnessübung. Am Ganze mussen d'Participanten aacht Kilometer lafen an aacht verschidde Statiounen absolvéieren. Vum Zéie vun engem schwéiere Schlitt bis bei Burpees gëtt de Sportler dobäi villes ofverlaangt. D'Zil ass et, de Parcours, esou séier wéi méiglech, hannert sech ze bréngen.

Zanter dësem Joer trainéieren déi zwou Frëndinnen am Fitnesscenter Elysium mam Trainer Gil Nicolas geziilt fir hir HYROX-Competitiounen.

Datt si dobäi un hir kierperlech Grenze kommen, ass hinne bewosst. Mee genee dat ass et, wat si un der neier Sportaart reizt.

Anescht wéi fréier beim Lafe sti si sech haut net méi als Konkurrentinne géintiwwer, mee kënnen hir gemeinsam Stäerkten ausspillen. An der Doubles-Kategorie mussen déi zwou Sportlerinnen d'Lafstrecken zesummen absolvéieren, iwwerdeems si sech d'Aarbecht op de Fitnessstatiounen opdeele kënnen.

Dobäi gëtt et och mol méi séier a méi intensiv. D'Isabelle Hoffmann beschreift sech selwer als eng Athletin, déi net ze bremsen ass an am léifste séier lassleet. D'Jessica Schaaf léisst sech dovun ustiechen.

“Da komm du mëss dat och elo”, denkt d'Jessica sech wann hatt gesäit, datt hir Partnerin bei enger Übung déi méi schwéier Gewiichter hëlt. Fir si ass dat eng extra Motivatioun, selwer nach een dropzeleeën.

Esou dreiwen déi zwou Frëndinne sech géigesäiteg ëmmer nees zu neie Leeschtungen un.

Sechs Mol d'Woch Training, nieft Beruff a Famill

Langweileg gëtt et beim HYROX net. Wärend beim Marathon virun allem d'Lafen am Mëttelpunkt steet, suergen déi vill verschidde Fitnessübunge fir Ofwiesslung. An dat schéngt deenen zwou fréiere Ausdauersportlerinne gutt ze gefalen.

Sechs Mol d'Woch gëtt trainéiert, dacks iwwer zwou Stonne laang. Um Programm sti Kraafttraining, Lafen an déi spezifesch HYROX-Übungen. Hire Coach däerf si dobäi gären nach e bëssen zousätzlech fuerderen. Net seele géifen déi zwee hien esouguer bieden, den Training nach méi haart ze gestalten.

Dobäi ass de Sport net hir Haaptbeschäftegung. Béid Frae schaffen als Léierin a mussen d'Trainingsstonnen an d'Competitioune mat hirem Beruffs- a Privatliewen ënnert een Hutt kréien.

Besonnesch fir d'Isabelle Hoffmann, déi och Mamm vun dräi Kanner ass, stécht hannert dem intensiven Trainingsprogramm vill Organisatioun. Mat gudder Planung an der Ënnerstëtzung vun hirem Ëmfeld wier dat awer méiglech. Esou kënnt et och mol vir, datt déi Zwee bis spéit owes am Fitnessstudio stinn.

"Och wann et wéideet"

Nieft der kierperlecher Fitness spillt virun allem dat Mentaalt eng grouss Roll. Déi néideg Disziplin bréngen déi zwou Fraen duerch hir laangjäreg Erfarung am Leeschtungssport mat.

"Als Sportler mengen ech huet ee bëssen eng aner Mentalitéit. Jo, do ass ee gewinnt, vill Saachen duerchzezéien, och wann et wéideet."
Jessica Schaaf

Natierlech ginn et och bei hinnen Deeg, op deenen d'Motivatioun manner grouss ass oder de Kierper midd ass.

Datt den Asaz sech lount, hunn d'Isabelle Hoffmann an d'Jessica Schaaf séier bewisen. Bei hirer éischter HYROX-Competitioun si si nach an der Open-Kategorie gestart. Kuerz drop hu si de Schrëtt an déi méi usprochsvoll Pro-Kategorie gewot. No mëttlerweil sechs Competitiounen hu si sech fir d'Weltmeeschterschaft qualifizéiert.

Fir en neien Ufank ass et ni ze spéit

Trotz hirem sportlechen Erfolleg wëllen d'Sportlerinne virun allem eng Saach weisen: Fir sech nei Ziler ze setzen, ass et ni ze spéit.

Si selwer géife sech net méi zu deene Jéngsten zielen. Dat hätt si awer net dovunner ofgehalen, nach eng Kéier eng nei Sportaart unzefänken a sech dobäi héich Ziler ze setzen.

"Den Hyrox ass zum Beispill e Sport, deen och fir jiddereen ass. A mir hoffen natierlech och, datt mir lo heimadder kënne vill Leit inspiréieren, déi och wéi mir [...] am Alter, iwwer 30, iwwer 35, 40 nach eng Kéier ufänken oder eppes Neies sichen, fir do och nach eng Kéier en Challenge."

Ob fréiere Leeschtungssportler, Sportufänger oder Pensionär: Fir déi zwou Frëndinnen ass den Alter kee Grond, sech keng nei sportlech Erausfuerderung méi ze sichen.

Back to Top
CIM LOGO