WM am Turnen zu RotterdamCéleste Mordenti a Quentin Brandenburger wëll weider international Erfarunge sammelen

RTL Lëtzebuerg
Vum 17. bis de 25. Oktober ginn zu Rotterdam an Holland déi nei Weltmeeschteren a Weltmeeschterinnen am Turne gesicht.
Céleste Mordenti a Quentin Brandenburger op der Turn-WM am Asaz.
Béid Lëtzebuerger starten de Weekend am All-Around.

Mam Céleste Mordenti an dem Quentin Brandenburger hu sech zwee Lëtzebuerger fir d'WM am Konschtturnen zu Rotterdam an Holland qualifizéiert. Déi zwee FLGym-Turner starten de Weekend am All-Around (Mehrkampf), wat dann och d'Qualifikatioun fir déi verschidde Finallen ass.

Fir d'Céleste Mordenti sti véier Geräter um Menü: Sprong, Stufenbarren, Putter a Buedem.

Fir de Quentin Brandenburger sti sechs Geräter um Menü: Buedem, Pauschepäerd, Réng, Sprong, Parallel-Barren a Reck.

Bei der Turn-WM ginn déi éischt Qualifikatiouns-Punkte fir Olympia 2028 verdeelt. Opgrond vum héijen Niveau bei der WM ass et fir déi zwee Lëtzebuerger zu Rotterdam éischter eng Generalprouf, ier fir si dann d'nächst Joer déi wichteg Qualifikatiounstournoie kommen, sou de Gilles Andring vun der FLGym.

Zu Rotterdam ginn am ganze 14 Weltmeeschtertitel verdeelt.

Back to Top
CIM LOGO