Optakt Dammen-Turn-EMCéleste Mordenti fir Lëtzebuerg bei de Seniorinnen dobäi

Tom Flammang
Lisa Weisgerber
Vun en Donneschdeg bis e Sonndeg ass zu Zagreb a Kroatien d'Europameeschterschaft am Turnen. D'Celeste Mordenti turnt am Mehrkampf.
© RTL-Screenshot

Aus Lëtzebuerger Siicht ass nieft dem Céleste Mordenti bei de Seniorinnen och nach eng Junior-Ekipp engagéiert. D'Lëtzebuerger Nummer 1 ass en Donneschdeg am Mehrkampf (4 Geräter) am Asaz. Si huet sech iwwer déi lescht Woche gewëssenhaft preparéiert an huet, nodeems si bei de Luxembourg Open wéinst enger Verletzung um Fouss nëmmen de Barren turne konnt, an de leschte Méint vill geschafft an trainéiert, fir elo nees fit ze sinn. D'Athletin weist sech zefridde mat der Virbereedung an ass prett, fir den Optakt den Donneschdeg.

D'Céleste Mordenti am RTL-Interview
Mam Lisa Weisgerber huet d'Lëtzebuerger Nummer 1 iwwer d'Preparatioun virun der EM geschwat.

Déi lescht Deeg konnt si nach e puer mol an der Hal zu Zagreb trainéieren. Dës si gutt verlaf, och wann um Dag X nach e puer Verbesserunge musse kommen. Dacks ass d'Céleste Mordenti als eenzeg Lëtzebuergerin op de groussen internationale Kompetitiounen. A Kroatien ass awer och eng Junior-Delegatioun vun der FLGym mat dobäi. Dës ka vun der grousser Erfarung vun der 23 Joer aler Turnerin profitéieren a stellt och mol déi eng oder aner Fro. 

D'Céleste Mordenti am RTL-Interview
Mam Lisa Weisgerber huet déi 23 Joer al Turnerin iwwert hire Roll an der Delegatioun vun der FLGym.

Et ass déi 7. Kéier, datt d'Céleste Mordenti bei enger Europameeschterschaft mat dobäi ass. Hir Kompetitioun zu Zagreb fänkt en Donneschdeg un. Mat engem gudde Resultat ka si sech op der EM och fir d'Weltmeeschterschaft zu Rotterdam am Oktober qualifizéieren. 

D'Lëtzebuerger Häre mam Quentin Brandenburger an dem Ronan Foley sinn da réischt d'nächst Woch am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO