Turn-EM zu ZagrebCéleste Mordenti léist WM-Ticket, Quentin Brandenburger muss zidderen

RTL Lëtzebuerg
Zu Zagreb a Kroatien leeft nach bis e Sonndeg d'Europameeschterschaft am Turnen.
D'Lëtzebuergerin Céleste Mordenti (Archiv)
D'Lëtzebuergerin Céleste Mordenti (Archiv)
© BEN STANSALL/AFP

Zu Zagreb a Kroatien sinn d'lescht Woch vum 13. bis de 16. August déi nei Europameeschterinnen am Turnen bei den Dammen Elitt an de Juniorinne gesicht ginn. Dës Woch ass et un den Hären an de Junioren. Mat dobäi ware mam Céleste Mordenti, dem Quentin Brandenburger an dem Ronan Foley dräi Lëtzebuerger.

Fir d'Céleste Mordenti war et no enger schwéier Blessur de Retour am All-Around (Mehrkampf) op déi grouss international Turnbün. An dee Comeback ass hir gelongen. D'Lëtzebuergerin konnt sech no engem gudden All-Around mat 49,031 Punkten (Buedem: 11,233 Punkten; Sprong: 12,466; Stufebarren: 12,966 a Putter: 12,366) als 31. ënner 91 Turnerinne klasséieren an huet domadder d'Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft am Oktober zu Rotterdam an Holland gepackt.

Just um Buedem huet si sech duerch eng Chute ee méi grousse Feeler geleescht. Beim Sprong hunn hir zwee Schrëtt bei der Landung Punkte kascht, fir de Rescht konnt si hir Übunge gutt duerchbréngen.

E Mëttwoch waren d'FLGym-Hären op der EM am Asaz. No sechs Geräter ass de Quentin Brandenburger op 73,598 Punkten (Buedem: 10,800 Punkten, Pauschepäerd: 12,500; Réng: 12,366; Sprong: 13,466; Parallel-Barren: 13,000 a Reck: 11,466) komm. Domadder kënnt hien um Enn op déi 63. Plaz an huet déi direkt Qualifikatioun fir d'WM ëm eng Plaz verpasst. Domadder ass hien den éischte Reserve-Turner a muss hoffen, datt ee Sportler ofspréngt, fir datt hien zu Rotterdam ka starten. Um Barren an um Sprong konnt hie mat 13,000 Punkten an 13,466 Punkten iwwerzeegen. Chutten um Buedem an um Reck hunn hien um Enn d'Qualifikatioun kascht.

De Ronan Foley kënnt am All-Around op 69,065 Punkten (Buedem: 12,833 Punkten; Pauschepäerd: 8,900; Réng: 11,533; Sprong: 12,533; Parallel-Barren: 11,200 a Reck: 12,066) an déi 78. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO