WM am TurnenCéleste Mordenti verpasst Finall knapp, 58. Plaz fir de Quentin Brandenburger

Jeff Birsens
Bei der WM am Konschtturnen ass et fir déi zwee Lëtzebuerger Turner net fir eng Plaz an der Finall duergaangen. Trotzdeem stëmmen d'Resultater en Vue vun Olympia 2028 positiv.
D'Céleste Mordenti am Asaz bei der WM am Konschtturnen 2024 (Archiv)
© Foto von KENZO TRIBOUILLARD / AFP

Bei der Weltmeeschterschaft am Konschtturnen zu Rotterdam huet d'Céleste Mordenti et de Weekend am All-Around (Mehrkampf) op déi 27. Plaz gepackt an huet eng Plaz ënnert deenen éischte 24 fir en Ticket fir d'Finall domat just knapp verpasst. Op de véier verschiddene Geräter (Sprong, Stufenbarren, Putter a Buedem) hat d'Lëtzebuergerin um Enn 49,265 Punkten um Kont.

De Quentin Brandeburger ass zu Rotterdam op déi 58. Plaz vun am Ganzen 102 Turner komm. Op de sechs verschiddene Geräter (Buedem, Pauschepäerd, Réng, Sprong, Parallel-Barren a Reck) huet den 22 Joer ale Lëtzebuerger sech kee gréissere Feeler erlaabt an huet am Ganze 75,198 Punkte gesammelt, wat seng bis elo bescht Leeschtung op engem groussen internationalen Turnéier war. Déi lescht WM hat hie beispillsweis nach mat 72,732 ofgeschloss.

Obwuel et net fir eng Plaz an de Finallen duergaangen ass, huet hie sech, genee wéi d'Céleste Mordenti, mat deem Resultat an enger gudder Form en Vue vun enger méiglecher Qualifikatioun fir déi Olympesch Spiller 2028 gewisen. D'Startplazen dofir wäerten dann am nächste Joer bei de wichtege Qualifikatiounstournoien, virun allem och bei der WM 2027 a China, vergi ginn.

Back to Top
CIM LOGO