Dëst ass e weidert Zeechen, datt dës Trendsportaart sech weider entwéckelt. Et ass e Käfeg, mat engem Terrain vun 10 op 20 Meter mat Maueren aus Glas hannen an op de Säiten, deen d'Entwécklung vum Padel bremst. D'Offer leeft der Demande hannen drun. Nieft deene 600 Lizenzéierte ginn et och nach vill Fräizäitsportler.
Jemp Felgen - FLT-Responsabele vun der Padel-Sektioun: "Do schätze mer, datt hei am Land tëscht 1.500 an 2.000 Leit reegelméisseg Padel spillen. Net alleguerten hei am Land, wéinst dem Manktem um Terrain. Mee et sinn da ganz vill och, déi an d'Ausland ginn. Virun allem de Weekend iwwer déi belsch Grenz, do gesitt der eng Kolonie vu Lëtzebuerger, déi do Padel spillen."
Et si scho vill Terrainen derbäi komm wärend de leschte Joren an et sinn der nach 10 a Planung. Dëst Joer gouf fir d'éischte Kéier och e Junior an Dammechampionnat organiséiert. Fir Padel ze spille muss een e Partner hunn. Dat huet Vir- an Nodeeler.
Laurence Maringer: "Et gewënnt een zu zwee, et verléiert een zu zwee. Et ass awer och grad esou schéin, well ee grad net eleng um Terrain steet, kann een eng Victoire zu zwee feieren. Eng Defaite kann een zu zwee verkraaften, driwwer schwätzen."
Dem Laurence Maringer hier Partnerin gouf kuerz virum Championnat krank an esou konnt si och net deelhuelen. Do si mir beim Nodeel. Eng Rei vu Padel-Spiller komme vum Tennis oder praktizéieren déi 2 Sportaarte parallel. Den Terrain an d'Rackett si méi kleng a virun allem ass d'Spill mat der Mauer ongewinnt.
Laurence Maringer: "Als Tennisspiller ass ee gewinnt de Ball direkt ze huelen an et huet net d'Tendenz, en nach no hanne goen ze loossen. Et brauch ee schonn e bëssen Ëmstellung, mee natierlech fir um Netz, d'Coupen sinn natierlech do. D'Technik ass schonn do."
Sven Geimer: "Ech fannen, dass et eng méi aktiv Sportaart ass wéi den Tennis, dee méi Leit zesummebréngt, wou d'Leit méi Spaass hunn. Et ass och vill méi frëndlech fir Ufänger wéi Tennis, well et manner schwéier ass, de Ball propper ze treffen. Ech fannen am Fong eng ganz gutt Entwécklung an ech hoffen och, dass déi esou weidergeet."
Et sinn awer ëmmer méi Spiller, déi de Padel virum Tennis entdecken.
Jemp Felgen - FLT-Responsabele vun der Padel-Sektioun: "Wat een awer och gesäit, ass wou d'Mamm oder de Papp Padel spillt, wou dann och d'Kanner an d'Padel-Schoul geschéckt ginn, déi dann och wierklech da vu Klengem un da schonn ufänken."
Nächst Joer am Mäerz participéiere souwuel Damme, wéi och d'Hären un der Europameeschterschaft an Holland. D'Sportaart Padel huet de Wand an de Seegelen. Et sti just déi Käfeger mat de Maueren aus Glas am Wee.