Liichtathleetik-EMD'Vera Bertemes-Hoffmann kënnt net an d'Finall iwwer 1.500 Meter

RTL Lëtzebuerg
Um virleschten Dag vun der Liichtathleetik-EM zu Birmingham war mam Vera Bertemes-Hoffmann nees eng Lëtzebuergerin am Asaz.
Vera Bertemes-Hoffmann
© Fernand Schmitz (Archiv)

Am éischte Virlaf vun den 1.500 Meter bei der Liichtathleetik-EM e Samschdeg um 13:15 Auer eiser Zäit ass d'Vera Bertemes-Hoffmann mat enger Zäit vu 4 Minutten, 14 Sekonnen an 63 Honnertstel op déi 14. Plaz gelaf. Well just déi sechs Éischt aus deenen zwee Virleef an d'Finall kommen, konnt si sech deemno net fir d'Finall iwwer 1.500 Meter qualifizéieren. Knapp 4 Sekonnen hunn der Bertemes-Hoffmann op déi 6. Plaz gefeelt.

Déi 29 Joer al Lëtzebuergerin hat sech fir d'Europameeschterschaft duerch hir Plaz an der Weltranglëscht fir d'1.500-Meter-Course qualifizéiert.

Invalid Date

Back to Top
CIM LOGO