Virun e puer Wochen huet den Nick Kunnert op der Europameeschterschaft vun den uniforméierte Sportler d’Sëlwermedail am Judo gewonnen. Zu Birmingham an England konnt den Nick Kunnert an der Kategorie iwwer 100 Kilogramm dräi vu senge véier Kämpf gewannen. Géint den Éisträicher Movli Bochaschvili huet de Lëtzebuerger sech awer misse geschloe ginn.
De Kunnert war net fir d'éischt a senger Karriär op engem internationale Podium, mee dës Sëlwermedail war schonn ee vun den Héichpunkten a sengem Palmarès, och well et fir jiddereen eng komplett onbekannt Kompetitioun war. De Judoka a seng Federatioun wëssen, datt déi Medail schonn en Impakt hat fir hire Sport.
D’Judo-Federatioun huet punkto Lizenzen e grousse Sprong gemaach. D’Zuele vun den Aktive goufe bannent e puer Joer verduebelt, haaptsächlech well d’Qualitéit vun den Traineren an d'Luucht goung a bal d'Hallschent vun den Trainere Professioneller sinn.