RëmerschenE Mix aus Sport an Degustatioun um Wéngertstrail

Bern Thill
Um Wéngertstrail zu Rëmerschen gouf et nieft de villen Träppleken, déi ze iwwerwanne waren, och genuch Animatioun an Degustatioun.
Wéngertstrail zu Rëmerschen
Um Wéngertstrail zu Rëmerschen gouf et nieft de villen Träppleken, déi ze iwwerwanne waren, och genuch Animatioun an Degustatioun.

Zu Rëmerschen sinn de Weekend 650 Leeferinnnen a Leefer um Wéngertstrail un den Depart gaangen. Am Ufank hunn direkt schonn 350 Träppleken op si gewaart, déi awer just vun e puer Trail-Spezialiste am Lafe gemeeschtert konnte ginn. No der iwwerstanener Montée hunn d'Leefer uewen dann en anert Gesiicht vum Wéngertstrail entdeckt, wou éischter d'Convivialitéit am Mëttelpunkt stoung.

11 Museksgruppen a 5 Stänn hu fir gutt Stëmmung op engem exigente Parcours duerch déi wonnerschéin Hierschtlandschaft gesuergt.

Fir uewe bei de rout-wäiss-bloe Fändel ze kommen a bei déi nächst Degustatioun ze kommen, hunn da ganzer 587 Träppleker missten iwwerwonne ginn. De sportleche Succès stoung beim Wéngertstrail net onbedéngt am Mëttelpunkt. Mat ville Visiteuren och aus dem Ausland war och dës Editioun nees en Erfolleg.

Back to Top
CIM LOGO