Vu Bascharage op BangkokEe Lëtzebuerger a säin Dram als Muay-Thai-Kämpfer

RTL Today iwwersat vun RTL.lu
Charlie Stone
Mat 25 Joer ass de Leo Wagner an Thailand geplënnert, fir sengem groussen Dram als Muay-Thai-Kämpfer nozegoen.
De Leo Wagner huet an Thailand bis elo véier Kämpf gewonnen an der dräi verluer.
© Leo Wagner

Ee Kampf am legendäre Rajadamnern-Stadion zu Bangkok géint en erfuerenen thailännesche Kämpfer ass fir vill Leit warscheinlech eng Virstellung, déi engem Angscht maache géif. Fir de 25 Joer ale Lëtzebuerger Leo Wagner ass dat awer d'Erfëllung vun engem Dram an een nächste Schrëtt a senger Profikarriär. Zwar huet hien den Duell um Enn verluer, ma dat ännert u senger Begeeschterung näischt. Wat hien aktuell erliewe géif, wier einfach onfaassbar an en Dram, deen an Erfëllung gaangen ass, seet de Sportler am RTL-Interview.

De Wee an de Réng ass allerdéngs mat enger Rei Ëmweeër verlaf. Réischt zwou Woche virum Kampf krut de Wagner réischt iwwert säi Géigner Bescheed gesot, deen dann eng Woch virum Kampf nees ofgesot huet. Een Ersatz gouf fonnt, ma souguer deen huet sech just fënnef Minutte virum Optakt am Réng nach eemol geännert. Um Enn stoung de Wagner engem lokalen thailännesche Kämpfer géigeniwwer. Sou kuerzfristeg Changementer wieren am Muay Thai net ongewéinlech, hie géif awer egal wéi all Chance notzen, déi sech him ubitt, heescht et vum Wagner weider.

D'Liewen an Thailand - mat vill Disziplin an e puer Affer

Nodeems e scho véier Mol fir jeeweils ee Mount fir en Trainingslager an Thailand gereest war, huet de Leo Wagner 2025 d'Decisioun geholl, fir eng méi laang Zäit auszewanderen. Mat engem Visum vu fënnef Joer huet hien dann op der Insel Ko Phangan an engem klenge Bungalow mat just engem Raum, Kichen a Buedzëmmer gelieft. Op Luxus wéi en eegene Pool huet hie bewosst verzicht, well genau déi "spartanesch" Liewensweis ouni Oflenkungen erméiglecht et him, sech voll op säi Sport ze konzentréieren, seet de Lëtzebuerger Kämpfer.

Säin Alldag ass vun enger strenger Disziplin gepräägt. All Dag fänkt um siwen Auer moies mat engem Laf vu fënnef bis aacht Kilometer un an duerno geet et weider mat annerhallwer Stonn intensivem Pad-Training. Nom Mëttegiesse steet dann nach e spezielle Kämpfertraining um Programm, nodeem dann nach e weidere Laf gemaach gëtt. An der Fräizäit, déi dann nach iwwreg bleift, schafft de Wagner u senger eegener Entreprise, déi Trainingsausrüstung fir Muay Thai verkeeft.

Den Ënnerscheed tëscht dem Kämpfen zu Lëtzebuerg an an Thailand geet fir hie wäit iwwer d'Trainingsintensitéit eraus. Wärend Muay Thai zu Lëtzebuerg eng Nische-Sportaart ass, ass de Sport an Thailand fest an der deeglecher Kultur verankert. Fir vill Thailänner ass et keen einfachen Hobby, ma noutwenneg, fir dat eegent Liewen ze finanzéieren an e potenzielle Wee eraus aus der Aarmut. Dës Erfarung huet de Wagner eng komplett nei Perspektiv ginn, well Europäer sech fräiwëlleg fir dëse Wee entscheeden, wärend vill Thailänner an dëse Sport era gebuer ginn.

Fir seng Karriär hëlt de Lëtzebuerger grouss perséinlech Affer a Kaf. Hie vermësst seng Famill, virun allem seng Grousselteren. Och säi Brudder huet hien zanter iwwer engem Joer net méi gesinn. Trotzdeem bleift hien iwwerzeegt, datt d'Chance seng Affer wäert ass. Grouss Ënnerstëtzung kritt hien dobäi vu sengen Elteren, déi scho bei him op Besuch waren. E wichtegt Virbild ass donieft säi Papp, dee fréier fir d'Jeunesse Esch souwéi den FC Déifferdeng Futtball gespillt huet an him déi Mentalitéit vermëttelt huet, Saachen entweder 100 Prozent oder guer net unzegoen.

Grouss Pläng an Ambitiounen

Viru sengem Wiessel bei de Muay Thai huet de Wagner Erfarungen am Boxen, Karate an MMA gesammelt. Beim Muay Thai faszinéiert hie schlussendlech d'Beenaarbecht an déi méi grouss sportlech Fräiheeten, déi een dobäi huet. Fir sech komplett an d'Kultur ze integréieren huet hien traditionell Sak-Yant-Tattooen um Kierper an huet sech zousätzlech virgeholl, wärend senge verbleiwende véier Visum-Joren thailännesch ze léieren. Donieft gouf hie vum Marie Des Lys Heinz inspiréiert, enger weidere Lëtzebuerger Kämpferin, déi och an Thailand lieft a fléissend thailännesch schwätzt.

Zanterdeem hien an Thailand geplënnert ass, huet de Wagner e Bilan vu véier Victoiren an dräi Néierlagen. E méiglechen nächste Kampf un der Säit vu sengem Trainer am Rajadamnern-Stadion ass fir November am Gespréich. Seng laangfristeg Ambitioune ginn allerdéngs nach doriwwer eraus. Dat ultimatiivt Zil vum lëtzebuergesche Kämpfer ass d'Participatioun un der weltwäiter Kampfsportorganisatioun ONE Championship. Fir dësen héchsten Niveau vum Sport ze erreechen, géif hien alles ginn, betount de Leo Wagner ofschléissend.

Back to Top
CIM LOGO