
Am 50-Meter-Baseng um Geesseknäppche gouf et e Samschdeg en neien nationale Rekord am Schwammen. Op den 200 Meter Quatre nages ass d’Emma Barthel ee Chrono vun 2:20.89 geschwommen an huet domat den nationale Rekord vun der Monique Olivier gebrach, dee virun zéng Joer opgestallt gouf.
Mat där Zäit huet d’Emma Barthel donieft och d’Qualifikatiounsnorm fir d’EM 2026 zu Paräis gepackt.