Wann et ëm déi weiblech Gesondheet am Sport geet, da feelt et nach ëmmer u wëssenschaftlechen Donnéeën. Dat war de Fazit vum Kongress, vum Centre médical du Sport vum CHEM. Wéi beaflosst den Zyklus vun enger Fra d'Performance? Äntwerten, déi bis elo nach wéineg erfuerscht goufen. Nëmmen 6 Prozent vun de medezinesche Etüde beschäftege sech mat dësem Theema.
An Zukunft wëll een dat am CMDS an de Vierdergrond stellen. Et schafft een dofir enk mam HumanFab vun Aix-en-Provence zesummen. Den Zentrum fir Sportmedezin an der franséischer Stad këmmert sech souwuel ëm Héichleeschtungs- wéi och Fräizäitsportler. A si hu sech spezialiséiert op d'Gesondheet vun den Athleetinnen.
Wéi wichteg dat ass, huet beim Kongress och déi fréier Lëtzebuerger Tennis-Profi Mandy Minella ënnerstrach. Besonnesch jonk Athleetinne kéinte vun enger besserer wëssenschaftlecher Basis an enger méi geziilter Begleedung profitéieren.
E wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung also – och wann de Wee bis zu enger gläichberechtegter Fuerschung am Sport nach laang ass.