D'International Luxembourg Pickleball Open, déi vun de fënnef Pickleball-Clibb aus dem Grand-Duché zesummen organiséiert gouf, hat Sportler a Sportlerinnen aus der ganzer Welt ugezunn. Ganzer 120 Sportler a Sportlerinnen aus dem In- wéi och dem Ausland haten de Wee an de Minett fonnt. Iwwer dräi Deeg goufe verschidde Matcher gespillt.
E Freideg war et un den Häre wéi och un den Dammen am Eenzel. Do sinn direkt dräi Goldmedailen un de Grand-Duché gaangen. Um Samschdeg war et dann un den Dubbel-Hären, sou wéi och Dubbel-Damen. An och hei ass eng Goldmedail u Lëtzebuerg gaangen. E Sonndeg gouf dann am Mixe gespillt an do konnte sech och zwou Ekippen aus dem Land an hirer jeeweileger Alterskategorie duerchsetzen.
Kompetitiv gesinn ass de Pickleball nach een zimmlech jonke Sport. De Fairplay sou wéi eng gutt Stëmmung waren zu Esch-Lalleng um Programm. Wat virun dräi Joer mat 15 nationale lizenzéierte Sportler ugefaangen huet, huet sech weiderhin entwéckelt an de leschte Weekend stounge 40 Lëtzebuerger Lizenzéierter um Terrain.