D’Athleetin mat der Lëtzebuerger a franséischer Nationalitéit huet de Kanner vum Lënster Veräin, an deem si Member ass, Rotschléi ginn an huet hinne vun hirer bis elo erfollegräichster Saison, vun der ganzer Karriär verzielt.
An alle Kompetitioune war déi 29 Joer al Triathleetin an der Top-7, mat Ausnam vun enger, vläicht déi Wichtegst, nämlech d’Finall vun der Weltmeeschterschaft an Australien. D’Akkumulatioun vu Kompetitiounen, verbonne mat Reesen op 6 Kontinenter, haten der Athleetin e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
D’Jeanne Lehair ass seelen zu Lëtzbuerg, just fir d’Éierung zum Schluss vum Joer an den Aquathlon, eng Kombinatioun vu Schwammen a Lafen an der Hal. Déi nächst Editioun ass an engem Mount an der Coque.
Et gouf sech scho gefrot, firwat des erfollegräich Sportlerin net bei eis am Ländchen trainéiert .Wéi all déi aner Spëtzenathleten, ass den Training am Triathlon vum Wieder ofhängeg an am deem Beräich si mir jo am Wanter net verwinnt. Dohier gëtt d’Sonn gesicht oder och nach Training an der Héicht, zesumme mat enger Grupp vun internationale Spëtzenathleten. De Rescht vum Joer ass d’Jeanne Lehair op der Weltrees, fir u Kompetitiounen deelzehuelen.
Bleift ze hoffen, dass och d’nächst Joer d’Jeanne Lehair erëm de Kanner vum Karibu, vun enger erfollegräicher Saison kann erzielen.