10. Tower-Power-TrailJil Gillen a Luc Scheller nei Lëtzebuerger Championen iwwer kuerz Distanz am Trail

Max Bäcker
E Samschdeg si beim Tower-Power-Trail am Norde vum Land déi nei national Championen iwwer déi kuerz Distanz am Trail gesicht ginn.
Trail: Jil Gillen a Luc Scheller nei Lëtzebuerger Championen iwwer kuerz Distanz
E Samschdeg si beim Tower-Power-Trail am Norde vum Land déi nei national Championen iwwer déi kuerz Distanz am Trail gesicht ginn.

E Samschdeg war zu Wäicherdang déi 10. Editioun vum Tower-Power-Trail. Op engem ganz schwéiere Parcourse laanscht déi schéinsten Tierm aus der Gemeng huet sech d'Jil Gillen no 21 Kilometer den nationale Championstitel iwwer déi kuerz Distanz am Trail geséchert. Op déi zweete Plaz ass d'Sonny Eschette mat engem Retard vu ronn néng Minutte gelaf. Drëtt ass d'Jil Ney op knapp 20 Minutte ginn.

Bei den Häre geet de Championstitel un de Luc Scheller. Hien huet sech mat enger Avance vu knapp dräi Minutte virum Sven Remakel behaapt. Op de Podium gepacht huet et nach de Luca Clees. Hien hat e Réckstand vun iwwer véier Minutten.

D'Resultat vum Lëtzebuerger Championnat Trail kuerz Distanz

Back to Top
CIM LOGO