D'Andrea Petkovic zielt zu de bekanntesten Nimm an der Tenniswelt. An dann ech, Hobbyspiller beim TC Miersch, GO DRAGONS, ech war bis 2 Auer an der Stad an hu 4 Stonne geschlof.
Iergendwéi krute mer et awer hin, datt ech am Kader vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters konnt géint d'Andrea spillen. Ech hunn awer scho beim Opwierme gemierkt, datt dat en Challenge gëtt.
Op eemol war et dunn esouwäit: Ech stoung mam Andrea Petkovic an der Coque um Terrain an de Match goung lass. Meng Taktik war vun Ufank un: drop balleren an hoffen, datt mäin Opschlag gutt kënnt, dat ass mer och iergendwéi gelongen...
Fir de Rescht war de Match sou, wéi ee sech dat virstellt: Ech misst all Ball nolafen a meng Géignerin huet gemittlech placéiert. Souguer wann een deen éischte Ball nach sou just kritt, deen zweete kënnt dann esou präzis, datt ee keng Chance huet.
No engem Stoppball vum Petkovic, deen ech natierlech net krut, hu mer dann och eemol de berüümte Petko-Danz gewise krut.