
E Freideg de Moien ass et bei der Schwamm-EM zu Paräis mat deenen nächste Competitioune weidergaangen. Op de 50 Meter Broscht war de Finn Kemp mat engem Chrono vun 28.26 Sekonnen dee 50. aus alle Virleef an de Joao Carneiro mat 28.48 Sekonnen dee 57. Weiderkomm sinn hei awer just déi 16 séierst Schwëmmer, sou datt kee Lëtzebuerger et gepackt huet.
D'selwecht ass et op den 200 Meter Broscht fir de Florian Frippiat gelaf, dee mat 2:00.95 Minutten um Enn vun de Virleef op der 27. Plaz stoung.
Och d'Emma Barthel hat an de Virleef vun den 200m Quatre nages keng Chance op ee Weiderkommen. Déi réischt 15 Joer al Schwëmmerin ass mat enger Zäit vun 2:19.63 Minutten dat 24. vu 24 ginn an ass dobäi 0.42 Sekonnen ënnert hirem eegenen nationale Rekord bliwwen.