
Um 9 Auer Lëtzebuerger Zäit, 12 Auer Lokalzäit, gouf de Match tëscht Estland a Lëtzebuerg ugepaff. 80 Minutte méi spéit war de Match mam impressionante Score vun 106:5 fir d'Rout Léiwen eriwwer. Insgesamt huet d'Ekipp vum Headcoach James Kent 16 Tries (5 Punkten) an 13 Conversions (2 zousätzlech Punkten) realiséiert. Et war den éischte Match an der neier Rugby-Europe-Conference-Saison.
Mat dësem Resultat steet Lëtzebuerg un der Tabellespëtzt vun der Grupp A an huet dat däitlech bessert Punktverhältnis wéi Finnland. D'Finnen hate sech virun enger Woch "just" 34:3 géint Estland behaapt. Norwegen huet als véiert Ekipp an der Grupp nach kee Match gespillt. D'Statistike fannt Dir hei.
Den nächste Match vun de Roude Rugby-Léiwe steet de 24. Oktober am Stade de Luxembourg un. Do geet et ab 15 Auer géint Norwegen.