
Den Ament lafen d’Preparatioune beim COSL op Héichtouren. Et weess een nämlech nach net sécher, aus wéi vill Athleten déi Lëtzebuerger Delegatioun wäert bestoen.
Den Directeur Technique vum COSL, de Raymond Conzemius, huet am Interview awer gesot, datt een den Ament vun zwee Sitten ausgeet, wou Lëtzebuerger am Asaz wäerte sinn: “Dat ass engersäits Cortina an och Bormio, wou mir jeeweils mat engem Athlet rechnen. Dann awer och dräi Leit Encadrement, déi Sport-technescher Natur sinn. Schi ass eng Sportaart, déi relativ komplex ass, wou’s de vill Leit ronderëm brauchs: een Techniker, een Trainer an een Team-Manager. Da si mir vum COSL och jeeweils mat zwee Leit vertrueden. Natierlech och ee Kiné, deen op béide Platze present ass. Dat ass d‘Encadrement, wat mir plange ronderëm déi Sportler a Sportlerinnen, mat deene mir aktuell plangen.”
Am Prinzip dierften an Italien, genee wéi viru véier Joer a China, de Matthieu Osch an d’Gwyneth ten Raa, allebéid am Ski-Alpin, déi Lëtzebuerger Faarwe vertrieden. Réischt Enn vum Mount soll déi definitiv Decisioun falen.