De leschte Samschdeg waren an der an der lettescher Haaptstad d'"IBTA World Championships" gespillt ginn. Och dëst Joer stoung d'Lëtzebuerger Athletin Liz Conzemius um Terrain. No 2024 konnt si op der Weltmeeschterschaft am Blind-Tennis dëst Joer souguer zwee Mol Gold an hirer Kategorie B2 huelen. Dat souwuel am Double zesumme mat der Australierin Courtney Webeck, géint déi si och am Single gewonnen huet.
D'Liz Conzemius gehéiert weltwäit zu de beschte Spillerinnen an hirer Disziplin. 2025 war si och schonn Europameeschterin am Eenzel ginn, an och am Double, zesumme mat hirem Lëtzebuerger Trainingspartner Nicolas Berodt. Beim Séibehënnerten-Tennis kënnt et op den Toun vum Ball un.
Reportage no hirem éischte WM-Titel 2024: