
E Samschdeg gouf et am Triathlon e gutt Resultat fir de Lucas Cambresy. De Lëtzebuerger ass zu Weihai a China bei enger Manche vun der World Triathlon Championship Series iwwer déi olympesch Distanz op déi staark 21. Plaz komm.
No engem gelongene Schwammen hat de Lëtzebuerger de Sprong an de grousse Vëlosgrupp un der Spëtzt gepackt. Duerch de Reen waren d'Stroosse schmiereg an et gouf vill Chutten. De Cambresy huet de Parcours awer gutt iwwerstanen. Am Lafe louch hie laang op der 17. Plaz. Op de leschten zwee Kilometer huet hie wéinst Krämp nach emol e puer Plaze verluer, fir um Enn als 21. unzekommen.
Duerch dëst staarkt Resultat bei enger Competitioun op héchstem internationalen Niveau huet de Lëtzebuerger wichteg Punkte fir d'Weltranglëscht an den olympesche Ranking gesammelt.
Zil ass et, fir sech fir d'Olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles an den USA ze qualifizéieren. Aktuell läit de Grand-Duché gutt an der Course, fir sech jeeweils eng Quote-Plaz bei den Häre wéi den Dammen ze sécheren. Bis un d'Enn vun der Qualifikatiounsperiod ass et awer nach e laange Wee.
Gewonne gouf d'Course iwwerdeems vum Schwäizer Max Studer. De Podium komplettéiert hunn de Spuenier David Cantero Del Campo an de Kanadier Tyler Mislawchuk.