Déi kenianesch Marathon-Weltmeeschterin Peres Jepchirchir ass virleefeg gespaart ginn. Bei der 33 Joer aler Leeferin goufen an enger Doppingprouf Spuere vun EPO nogewisen, dat huet déi onofhängeg Integritéitsunitéit (AIU) vum Weltverband (WA) e Freideg matgedeelt. D'Substanz fërdert d'Produktioun vu roude Bluttkierpercher a verbessert doduerch de Sauerstofftransport am Blutt.
D'Jepchirchir hat 2021 zu Tokio bei den Olympesche Spiller Gold am Marathon gewonnen. Si hat och emol de Weltrekord am Semi-Marathon, donieft huet si déi grouss Marathonen zu London (2024), Boston (2022) an New York (2021) gewonnen.
Der AIU no gouf d'Prouf vun der Jepchirchir am Training a Kenia geholl, ier se de Sydney-Marathon den 30. August gewonnen hat.
"Mir stinn ënner Schock, virun allem wéinst dem Kaliber vum Peres Jepchirchir an hirer ausseruerdentlecher Karriär", sou de Barnabas Korir vum kenianesche Liichtathletik-Verband der Noriichtenagence AFP géintiwwer.
Kenia ass zanter enger Rei Jore mat enger Hausse un Doppingfäll konfrontéiert. Zanter 2017 goufen iwwer 140 kenianesch Athleetinnen an Athleete wéinst dem benotze vu verbuedene Substanze gespaart oder vu Competitiounen ausgeschloss. Ënnert hinnen ass och d'Ruth Chepngetich. Si hält aktuell de Weltrekord am Marathon.
2029 ass d'Liichtathletik-Weltmeeschterschaft a Kenia, et gëtt déi éischt WM um afrikanesche Kontinent. "Dës Meeschterschafte wäerten eis bei eisem Bestriewen hëllefen", déi kenianesch Liichtathletik méi propper ze maachen, hat de WA-President Sebastian Coe rezent gesot.