
Beim Azencross zu Loenhout an der Belsch ass d’Marie Schreiber e Méindeg op déi 9. Plaz gefuer. Um Enn vun der Course op engem séiere Parcours hat d’Lëtzebuerger Championne e Retard vun enger Minutt an zwanzeg Sekonnen op d’Hollännerin Lucinda Brand. Op de Plazen Zwee an Dräi sinn d’Kristyna Zemanova aus Tschechien an d’Manon Bakker aus Holland iwwer d’Arrivée gefuer.
An der U23-Course vun den Häre konnt sech de Lennox Papi als 50. klasséieren. Hien hat e Retard vun dräi Minutten a siwe Sekonnen op de belsche Vainqueur Kay de Bruyckere.
Bei der Elite vun de Männer konnt sech de Weltmeeschter Mathieu van der Poel duerchsetzen. Hei stoungen de belsch Niels Vandeputte an den Hollänner Joris Nieuwenhuis mat um Podium. De Vandeputte hat Enn September den internationale Cross zu Dippech gewonnen.