
Um 34. internationale Schwamm-Meeting zu Saint-Dizier a Frankräich huet de Philippe Weyland net nëmmen en neien nationale Rekord opgestallt, mee ass domadder och no un d'Norm fir d'Weltmeeschterschaft zu Peking a China dëst Joer erukomm. Dëse Meeting gëllt als Qualifikatiounsméiglechkeet fir d'WM am klenge Basseng iwwer 25 Meter.
Mat senger Zäit vun 52 Sekonnen an 28 Honnertstel feelen dem Philippe Weyland 36 Honnertstel fir d'Qualifikatioun.
Am Ganze ware 3 Lëtzebuerger Schwëmmer zu Saint-Dizier a Frankräich mat dobäi. Dorënner och d'Emma Barthel, déi 4 national Rekorder an der Kategorie 16 Joer opgestallt a sech ënner anerem als Drëtt op de 400 Meter Quatre Nages ënner 16 Joer klasséiert huet.
Am Asaz war och de Yanis Pilagatti an der Kategorie 14 Joer. De Schwëmmer vum Swimming Luxembourg huet zwee national Rekord opgestallt a koum ënner anerem op den 800 Meter Fräistil op déi 11. Plaz.
Déi 3 Lëtzebuerger haten domadder 7 nei national Rekorder zu Saint-Dizier opzeweisen.
Liest hei de Communiqué vun der Lëtzebuerger Schwamm-Federatioun: