
D'Uyana Granger huet en neie Lëtzebuerger Rekord op de 400 Meter Hecken opgestallt. Beim Championnat d'Île-de-France CA-JU am hollännesche Montgeron ass déi réischt 17 Joer al Lëtzebuerger Liichtathleetin mat engem Chrono vun 59.09 Sekonnen op der Arrivée ukomm an huet domat den ale Rekord vum Kim Reuland ëm 0.10 Sekonne getoppt. Hir eege Beschtzäit huet si souguer ëm 0.40 Sekonne verbessert.
Nieft dem neien nationale Rekord gouf also direkt och eng nei U20- an U23-Beschtzäit opgestallt.