
An der Véierelsfinall op den ETTU European Individual Championships 2026, déi aktuell zu Ljubljana a Slowenien gespillt ginn, sinn d'Ni Xia Lian an de Luka Mladenovic op den Alexis Brun an d'Charlotte Lutz getraff, aktuell Nummeren 2 an 8 an Europa.
Am éischte Saz hat sech de lëtzebuergeschen Duo no fréiem Réckstand erëm erugekämpft, Sazbäll ofgewiert, awer um Enn mat 11:13 de Kierze gezunn. Den zweete Set war eng kloer Affär fir si an am drëtte Saz war et nees kee gudde Start, fir deen um Enn knapp mat 9:11 ze verléieren. D'Ni Xia Lian an de Luka Mladenovic hunn awer Moral bewisen an am véierte Saz mat 11:8 en decisive fënnefte Set erzwongen.
De leschte Saz an der Véierelsfinall war eng ganz enk Affär. Däitlech zréckgeleeën, hu sech déi lëtzebuergesch Spiller erëm op 9:9 erugekämpft an haten d'Toppfavoritten um Rand vun enger Néierlag. Um Enn hu sech d'Fransousen awer mat 11:9 duerchgesat an domat schonn eng EM-Medail sécher.
Am Dammen-Double ware Sarah de Nutte an Ni Xia Lian op déi Däitsch Sabine Winter an Han Ying getraff, Nummeren 1 an 3 op europäeschem Niveau. Nodeems d'Lëtzebuergerinnen an de Sätz ausgeglach haten, hu si am véierte Set dräi Sazbäll verginn an esou en decisive fënnefte Saz verpasst.
E Mëttwoch den Owend wäerten d'Sarah de Nutte an d'Ni Xia Lian am Simpel spillen. E Sonndeg wäert d'Dëschtennis-EM op en Enn goen.