Diamond LeaguePatrizia van der Weken prett fir d'Finall zu Bréissel

Bern Thill
Nieft der 100m-Spezialistin ass mam Ruben Querinjean e weidere Lëtzebuerger zu Bréissel bei der Finall vun der Diamond League dobäi.

D'Patrizia van der Weken huet sech fir d'drëtte Kéier hannertenee fir d'Finall vun der Diamond League qualifizéiert. Zesumme mat den aacht beschten Athleetinne wäert d'Sprinterin e Samschdeg um Depart vun der Kinneksdisziplin, den 100 Meter stoen. Eleng schonn dës dräi Selektioune sinn eng Performance.

Wärend dem Training am Virfeld huet sech vill Optimismus breet gemaach. "Ech mengen ech si gutt a Form an ech huelen un, dass ech kann eng gutt Zäit weisen. Wéi séier et geet, dat gesi mir dann e Samschdeg. Eng Season's best wär op alle Fall mol gutt", sou d'Patrizia van der Weken.

Eng Saisonsbeschtzäit, déi dës Saison bei 11,05 Sekonne läit, oder souguer en neien nationale Rekord, deen aktuell bei 11,00 Sekonne steet, do wäerte verschidde Facteure mat an d'Spill kommen. "Le chrono, ça dépend aussi beaucoup de l'environnement. Il faut voir s'il va faire froid, le vent, etc. Beaucoup de choses autour. Mais en tout cas, tous les voyants sont ouverts pour que la performance soit au rendez-vous", sou hiren Trainer Arnaud Starck.

Wärend praktesch der ganzer Saison gouf d'Patrizia van der Weken vu Verletzunge geplot, déi och op de Mental gedréckt hunn. Dës Suerge sinn nach net ganz verschwonnen, awer et geet scho besser. "Ce n'est pas totalement terminé, c'est quand même toujours sûr, ce sont des choses qui s'installent un peu sur le plus long terme. Mais par contre, c'est quand même bien maîtrisé. Et puis, il y a quand même beaucoup moins de douleurs ou de gênes. Et bien là, il faut quand même tirer un grand coup de chapeau à tout l'environnement qui est autour, le médecin, tout le staff qui a pu l'aider dans sa préparation", sou den Arnaud Starck.

Eng Woch no Bréissel geet et dann op Budapest, fir un enger neier Kompetitioun deelzehuelen, eng Zort inoffiziell Weltmeeschterschaft mat héije Präisgelder.

Souwuel den CSL, wéi och de CAPA Ettelbréck wäerte mat engem Bus voll Supporteren op Bréissel fueren. Fir Ënnerstëtzung aus dem Grand-Duché wäert deemno gesuergt sinn.

Nieft dem Patrizia van der Weken ass mam Ruben Querinjean iwwer 3.000 Meter Steeple e weidere Lëtzebuerger bei der Finall vun der Diamond League zu Bréissel an der Belsch dobäi. Et ass déi éischte Kéier, datt sech zwee Lëtzebuerger fir d'Finall qualifizéiere konnten.

D'Finall iwwer 100 Meter vun den Damme mam Patrizia van der Weken ass fir e Samschdeg den Owend um 20:14 Auer programméiert. D'Finall iwwer 3.000 Meter Steeple mam Ruben Querinjean ass um 21:20 Auer.

Back to Top
CIM LOGO