Liichtathleetik-EMPatrizia van der Weken steet an der Finall vun den 100 Meter

Jeff Birsens
Mat der Decisioun vum 100-Meter-Sprint vun den Damme steet bei der Liichtathleetik-EM direkt um 1. Dag een Héichpunkt um Programm.
(From L) Poland's Krystsina Tsimanouskaya, Britain's Amy Hunt, Luxembourg's Patrizia Van Der Weken, Switzerland's Salome Kora, Portugal's Tatjana Pinto, Britain's Dina Asher-Smith and Germany's Gina Luckenkemper compete in the women's 100m semi-final 1 during the European Athletics Championships at Alexander Stadium in Birmingham on August 10, 2026. (Photo by Paul ELLIS / AFP)
D'Patrizia van der Weken ass an der 1/2-Finall zu Birmingham déi Zweet ginn.
© AFP

Um éischten Dag vun der Liichtathleetik-EM zu Birmingham huet d'Patrizia van der Weken sech fir d'Finall vun den 100-Meter-Sprint qualifizéiert. An der éischter Manche vun den 1/2-Finallen ass d'Lëtzebuerger Sprinterin e Méindeg den Owend mat engem Chrono vun 11.08 Sekonnen op déi 2. Plaz komm. Déi éischt Plaz war mat enger Zäit vun 10.99 Sekonne fir d'Favorittin Amy Hunt aus Groussbritannien.

An der zweeter an drëtter Manche vun den 1/2-Finalle konnte sech direkt duerno nach d'Schwäizerin Géraldine di Tizio.Frey, d'Italieenerin Zaynab Dosso, d'Polin Ewa Swoboda an d'Belsch Delphine Nkansa den Ticket fir d'Finall sécheren. Déi zwou séierst rechtlech Zäite koumen allebéid aus der 1. Manche. D'Brittin Dina Asher-Smith mat 11.10 Sekonnen an d'Schwäizerin Salomé Kora mat 11.12 Sekonnen komplettéieren d'Finall, déi nach haut den Owend ëm 22:50 Auer ausgedroe gëtt.

Iwwergräifend war d'Patrizia van der Weken dee véiert séierste Chrono vun den 1/2-Finalle gelaf.

Wéini d'Vera Bertemes an de Ruben Querinjean op der Liichtahtleetik-EM 2026 am Asaz sinn, fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO