2024 op der Europameeschterschaft zu Roum war et op eng Honnertstel déi véierte Plaz fir d'Patrizia van der Weken ginn. D'nächst Woch zu Birmingham well een dës Placéierung awer nach eemol toppen.
Nodeems d'Weltklassesprinterin op den nationale Meeschterschaften Enn Juli net hir beschten Zäiten ofruffe konnt, mat 11 Sekonnen an 19 Honnertstel an der Serie an 11 Sekonnen an 22 Honnertstel an der Finall, ass een elo awer zouversiichtlech. D'Course wier aus dem Training erausgelaf gewiescht an d'Konditioune waren net déi bescht.
D'Patrizia van der Weken weess, dass si momentan Zäiten tëscht 11 Sekonnen, hirer Beschtzäit, an 11 Sekonnen an 10 Honnertstel an de Been huet.
Den Ufank vun der Saison war intensiv. Schliisslech konnt d'Spëtzenathletin bei de renomméierten Diamond-League-Meetinge mat un den Depart goen an huet do och ëmmer nees hir exzellent Form ënner Beweis gestallt. An de leschte Wochen huet ee sech dofir op den Training konzentréiert, och wann een deen, wéinst klenge Boboen, huet missen upassen.
Zu Birmingham huet d'Patrizia van der Weken ee Virdeel: Wéinst hire gudde Leeschtunge wärend der Saison an hirer 14. Plaz an der Weltranglëscht iwwer d'100 Meter ka si d'Serien iwwersprangen a leeft direkt an der Halleffinall.
D'Saison ass duerno awer nach net eriwwer. Et stinn nach weider Diamond-League-Meetinger um Programm, mat der grousser Finall Ufank September zu Bréissel.
Fir den Trainer vum Patrizia van der Weken gëtt d'Resultat vun den Europameeschterschaften awer elo den Toun un. Vläicht misst een d'Saison och éischter op en Enn komme loossen, fir sech nees méi op den Training ze konzentréieren, mee dat géif een no der EM evaluéieren.
E Méindeg ginn zu Birmingham owes um 21:10 Auer Lëtzebuerger Zäit d'Halleffinalle gelaf an um 22:50 Auer steet d'Finall vun de Fraen iwwer 100 Meter um Programm.