Liichtathletik-EM zu BirminghamRuben Querinjean steet an der Finall iwwer 3.000 Meter Steeple

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg war mam Ruben Querinjean ee Lëtzebuerger op der Liichtathletik-EM zu Birmingham am Asaz.
De Ruben Querinjean am zweete Virlaf iwwer 3.000 Meter Steeple
De Ruben Querinjean am zweete Virlaf iwwer 3.000 Meter Steeple
© PAUL ELLIS/AFP

De Ruben Querinjean huet sech op der Liichtathletik-Europameeschterschaft zu Birmingham an England souverän fir d'Finall iwwer 3.000 Meter Steeple qualifizéiert. De Lëtzebuerger ass en Donneschdeg de Mëtteg am zweete Virlaf mat enger Zäit vun 8 Minutten, 34 Sekonnen a 7 Honnertstel op déi véierte Plaz gelaf. Déi éischt aacht Leefer aus all Virlaf hunn den Ticket fir d'Finall geléist.

De Lëtzebuerger Sportler vum Joer huet sech déi ganz Course iwwer ëmmer an den éischte Positiounen opgehalen.

D'Finall ass e Sonndeg um 21:50 Auer Lëtzebuerger Zäit.

Back to Top
CIM LOGO