BouschéissenSëlwer fir den Duo Lea Tonus/Gilles Seywert
Beim European Grand-Prix zu Antalya an der Tierkei hunn d'Lea Tonus an de Gilles Seywert et op de Podium gepackt.
Verëffentlecht: 25.04.26 15:58, Update: 25.04.26 21:51
Am Compound huet de Lëtzebuerger Duo an der Finall knapp géint déi tierkesch Koppel Hazal Burun/Emircan Haney verluer. Op déi 3. Plaz koumen d'Giulia Di Nardo an de Lorenzo Gubbini aus Italien.
Hei d'Resultater vum Grand-Prix am Iwwerbléck.