
D’Lindsey Vonn huet hirer Konkurrenz keng Chance gelooss an hiren 83. Weltcup-Succès gefeiert. Am Alter vun 41 Joer hat d’US-Amerikanerin bei enger perfekter Descente zu St. Moritz um Enn e Virsprong vun 0,98 Sekonnen op d’Magdalena Egger aus Éisträich. De Podium komplettéiert huet d’Éisträicherin Mirjam Pucher mat engem Ecart vun 1,16 Sekonnen.
Virun engem Joer hat d‘Lindsey Vonn no fënnef Joer Paus op der selwechter Plaz hire Comeback gefeiert. Hire leschte Succès an engem Weltcup war am Joer 2018 zu Are a Schweden.