ÄishockeyTornado verléiert no Verlängerung géint Orleans

Kevin Kayser
Bis an d'Penaltyschéissen ass et op der Kockelscheier gaangen, fir de Gewënner tëscht dem Tornado an de Fiiss vun Orléans ze fannen.

D'Partie hat u sech net wierklech gutt fir d'Lëtzebuerger ugefaangen, well schonn nom éischten Drëttel louch den Tornado 0:2 hannen. Datt si offensiv awer scho markéiere kënnen, huet den Tornado an den 20 Minutten drop gewisen: 3 Goler geschoss, zwee kritt. Esou louche si um Ufank vum leschten Drëttel nach just 3:4 am Réckstand. Dee konnte si mat engem Gol ophuelen an esou d'Verlängerung erzwéngen.

An dëse Minutten ass awer kee Gol gefall, esou datt d'Partie duerch Penalty huet missten decidéiert ginn. Hei haten awer d'Gäscht déi beschten Nerven a konnten d'Punkte matheem huelen.

Back to Top
CIM LOGO