
Zu Riesenbeck ware nieft dem Bettendorf a sengem Päerd Gibbs UN Prince 38 weider Sprangreider um Depart. 6 Reider haten de Parcours ouni Feeler iwwerstanen. Am Stiechen ass de Lëtzebuerger net nëmme feelerfräi bliwwen, mee hat och déi bescht Zäit. Duerch de Succès huet de Bettendorf sech den Ticket fir de Super Grand Prix vun der Longines Global Champions Tour geséchert.