Op de 60 Meter Hecken ass d’Victoria Rausch an de Virleef e Chrono vun 8.08 Sekonnen gelaf an huet sech mat engem neien nationale Rekord fir d’Finall qualifizéiert. Do ass méi spéit dann déi 7. Plaz erausgesprongen.
E weidere Lëtzebuerger Rekord gouf et da vun der Fanny Arendt. Op den 800 Meter ass si eng Zäit vun 2:00,83 gelaf an huet den ale Rekord vum Charline Mathias ëm ronn eng Sekonn geklappt. Mat dëser staarker Leeschtung ass et och fir déi 1. Plaz duergaangen.
Och de Ruben Querinjean konnt dann nach een neien nationale Rekord op den 3.000 Meter opstellen. An der Finall ass de Lëtzebuerger Sportler vum Joer mat engem Chrono vu 7:40.72 knapp hannert dem Belsch Ruben Verheyden (7:40.31) den Zweete ginn.