Bei der Europameeschterschaft zu Birmingham koum d’Patrizia van der Weken an der Finall vun den 100 Meter op déi sechst vun am ganzen aacht Plazen. An 11.10 Sekonnen ass d’Lëtzebuergerin um Méindegowend iwwert d’ligne d’arrivée gelaf. "Ech sinn net do wou ech ka sinn, wou ech well sinn". Sou d’Patrizia van der Weken am RTL Interview. "Ech hat leider nees Wochen, déi mir et net erlaabt hunn, sou ze trainéieren, wéi ech dat muss, fir kënnen ëm d’Goldmedail matzelafen".
Zanter e puer Méint huet déi aktuell Sportlerin vum Joer seriö Probleemer mat hiren Achillesseenen. "Deelweis konnt ech net joggen a knapps trëppelen ouni Péng". Dëst erzielt d’Lëtzebuerger Spëtzesportlerin am RTL Interview.
"Ech spiere mech nach net gutt. Ech hunn nach ëmmer anstänneg Péng. Mir kréien et geréiert. Verschidde Seancë reagéieren ech gutt an da ginn et nees Momenter, do reagéieren ech guer net gutt".
"Vill Leit hätte scho längst d’Schung an den Eck geheit". Sou déi dräifach Sportlerin vum Joer. "Ech hu mech mëttlerweil etabléiert. Ech kann op meng Erfarung zielen, fir dann awer meng beschtméiglechst Leeschtungen ofzeruffen". An d’Patrizia van der Weken weider: "Ech hätt bestëmmt kéinte fir d’Goldmedail matlafen. A menger Situatioun war dat awer an der Finall net dran".
"11.09 an 11.10 sinn zolidd Zäiten. Et war e schwieregen Owend. Elo kucken ech no vir”. Sou d’Lëtzebuerger Sprinterin.
Dem Patrizia van der Weken hiren Trainer wëll net vun Enttäuschung schwätzen. D’Preparatiounen op dës Europameeschterschaft wären déi leschte Wochen net optimal verlaf. "Il faut content d’être là". Sou den Arnaud Starck. "D’avoir fait une demi finale quand–même solide. La place de sixième elle est bonne. C’était très serré avec les autres filles. Il y a d’autres occasions qui vont se présenter par la suite".
Fir d'Diamond League vu Bréissel ass d’Patrizia van der Weken normalerweis qualifizéiert. Dat selwecht gëllt fir d’World Athletics Ultimate Championships zu Budapest am September. “Mol kucken, ob mäi Kierper mir dat erlaabt. Wann et geet, da lafen ech. Wann et net geet, da leider net". Sou d’Patrizia um Dënschdegnomëtteg. "Meng Revanche huelen ech soss an e puer Méint bei der nächster EM".