
Spuenesch Déiereschützer verlaangen, dass d’Traditioun vum sougenannten “Toro Jubilo” verbuede gëtt. Dës gëtt normalerweis um zweete Weekend vum November zu Medinaceli am Norde vu Spuenie gefeiert. Dobäi kritt e Stéier Godrong op seng Haare geschmiert, deen dann ugefaange gëtt. De Stéier gëtt da mat brennenden Haaren duerch d’Géigend lafe gelooss. Dat war och d’leschte Sonndeg nees de Fall.
Déi spuenesch Déiereschutzorganisatioun “PACMA” huet elo annoncéiert, dass si driwwer nodenke géif, rechtlech Schrëtt géint d’Organisateure vum Evenement an d’Weeër ze leeden. Wéi d’Organisatioun op Twitter gepost huet, géif et dës Traditioun nach ëmmer ginn, obwuel een net méi an der Steenzäit liewe géif.