
E Freideg huet de spuenesche Kulturminister Ernest Urtasun annoncéiert, datt den Nationale Präis fir Stéierkämpf ofgeschaaft géing ginn. D’Regierung géing et haut net méi fir passend fannen, un enger Auszeechnung festzehalen, “déi eng Form vun Déierequälerei belount”.
Dem Urtasun no géing eng “wuessend Majoritéit” vun de Mënschen a Spuenien sech Gedanken iwwer Déiereschutz maachen. Virun allem kéint een net méi erklären, firwat et fir de Stéierkampf Medailen a Präisgelder aus ëffentleche Mëttel gëtt, wéi de Minister dem Sender La Sexta géigeniwwer erkläert huet.
De Präis, deen 2011 vun der deemoleger sozialistescher Regierung an d’Liewe geruff gi war an zanter 2013 all Joer vergi gouf, ass mat 30.000 Euro dotéiert. Ënner de Laureate si bekannt Toreroe wéi den Enrique Ponce an de Julián López.
Och wann et a Spuenien nach ëmmer Fans vum Stéierkampf gëtt, wiisst d’Kritik un der bluddeger Traditioun zanter Joren. Offiziellen Donnéeën no sinn an der Saison 2021/2022 nëmmen nach 1,9 Prozent vun de Spuenier e Stéierkampf kucke gaangen.
Déi gréisst spuenesch Oppositiounspartei ass géint d’Ofschafe vum Präis. Dem Spriecher vun der konservativer Vollekspartei PP, dem Borja Sémper no, wier de Stéierkampf eng Traditioun an Deel vun der kultureller Identitéit vu Spuenien. Eng Rei Regionalregierungen hunn annoncéiert, eege Präisser als Ersatz an d’Liewen ze ruffen.